D'Team vum Jugendtreff Käl Téiteng

Davina Marx​

éducatrice diplomée

Mäin Numm ass Davina a sinn 28 Joer al. Ech sinn éducatrice diplomée an nodeems ech bal 7 Joer an da Crèche geschafft hunn, sinn ech elo säit September 2020 am Jugendhaus zu Kayl/Téiteng.

Ech sinn een zimmlech kreative Kapp an dat muss ech dann och ëmmer direkt ëmsetzen, wann mir eng nei Iddi kennt. Meng Hobbye si Makrame a Schmuck selwer maachen. Ech maachen och gär Embroidery a molen immens gär souwuel um Pabeier ewéi och digital. Kachen ass och eng vu menge grousse Leidenschafte wisou ech och niewent dem Schaffen nach méin Ernährungsberater maachen.

Andy Wintringer​

éducateur gradué

Hallo mäin Numm ass Andy Wintringer, ech sinn 1980 gebuer an sinn 1m95 grouss. 

Ech sinn éducateur gradué am Jugendhaus Kayl/téiteng, säit bal 20 Joer sinn ech am Jugendhaus Beräich täteg. Ufanks war ech als Animateur (CAE) zu Zolwer am Jugendhaus aktiv, wat mech derzou bruecht huet fir den Educateur ze léieren. Duerno krut ech dunn meng éischt Platz als Educateur an engem Jugendhaus an da Staat. Dat war eng super Erfarung fir mech, wann och mol oft ustrengend. 

Virun bal 12 Joer krut ech dunn Platz am Jugendhaus zu Kayl/Téiteng als Educateur gradué. Mat engem neien Team hunn mir do all ugefaangen an mir sinn och haut nach all do täteg

Meng Hobbies sinn haaptsächlech Brietspiller an Gaming sief et op der XBox (Jo, net op der Playstation, déi ass net esou gutt :P) oder awer och um PC.

Dir fannt mech oft am Büro oder bei den Brietspiller an natierlech bei da XBox, mee ech spillen awer och ganz gären mol Kicker, Billard an Darts mat iech. 

Komm gären laanscht an léier mech kennen, ech freeën mech nämlech ëmmer nei Leit kennenzeléieren.