DE JUGENDTREFF KÄL TÉITENG

WËLLKOMM AM JUGENDHAUS KAYL/TÉITENG, OCH NACH JUKATE GENANNT.

Wéi gesäit d'Jugendhaus vu bannen aus?

-eis Rencontre

-Multi Media a Kreativ Atelier

-Danz a Fitness

-D'Jugendhaus vu Baussen

Informatiounen iwwert d'Jugendhaus

D’Jugendhaus ass eng Platzwou Jonker ab 10 Joer, kenneerakommen, fir hier Fräizäit ze verbréngen.

Du kriss hei Méiglechkeet nei Leit kennen ze leieren, zesummemat anere Spaass ze hunn, an awer och un flotten Aktivitéiten deel ze huelen. Den Jugendtreff ass awer net nëmmen do fir Spaassze hunn, mee och eng Platz ob déi’s du zréck gräife kanns wann’s du ee brauchs fir ze schwätzen. Mir hunn ëmmer en oppent Ouer fir dech wann’s du Hëllef, Ënnerstëtzung oder Informatioune brauchs. 

Eis Auerzäite

Mir sinn ëmmer vun Denschtes bis Samschdes op, Sonndes a Méindes si mir zou.

Eis Auerzäite si folgend: Denschten 14h-19h Mëttwoch 14h-20h Donneschden 14h-19h Freide 14h-20h Samschde 13h-19h.

Et kann awer firkommen, dass d’Auerzäiten variéieren. Zum Beispill wann mir eng Aktivitéit ausserhalb vum Jugendtreff hunn oder op en Ausfluch ginn. Dat kriss du awer natierlech am Viraus vun eis matgedeelt. Dowéinst ëmmer op engem vun eisen sozialen Netzwierker kucken, hei kritt dir Infoe zu eisen Ëffnungszäiten an eisen Aktivitéiten an kënnt eis bei Froen kontaktéieren.

Wéi leeft dat eigentlech alles genau bei eis of wann’s du déi éischte Kéier wëlls bei eis kommen?

Wann’s du interesséiert bass eng Kéier bei eis luussen ze kommen, kanns du ab 14h laanscht kommen an du muss dech och net am Viraus umellen oder uruffen. Wann’s du nach méi Jonk bass oder net eleng wëlls komme, kanns du ganz gären ee Kolleeg oder ee vun dengen Eltere mat bréngen.

Wann’s du da virun der Dier bass, kanns du einfach erakommen, du muss net schellen oder tokken. Mir si meeschtens enzwousch am Haus an héiere wann’s du era kënns. Soubal mir eis dann géigesäiteg virgestallt hunn, maachen mir mat dir een Tour duerch t’Haus. Mir weisen dir all eenzele Raum an erklären och wat’s de do alles maache kanns. Wann’s du awer schonn eeklengen Androck wëlls kréien ewéi eisen Jugendtreff ausgesäit kanns du dir och gäre Fotoen hei ukucken. Do ginn och déi verschidde Räim an hier Funktioune gewisen. Wann dir Jugendhaus gefält an’s du méi reegelméisseg wëlls bei eis kommen oder dech a verschiddenen Aktivitéite wëlls aschreiwen, da kriss du een Ziedel vun eis fir deng Memberskaart ze maachen. Deen kanns du da mat heem huelen a fëlls deen zesumme mat dengen Elteren aus. (ausser du hues 18 Joer oder méi dann kanns du en eleng ausfëllen). Déi nächste Kéier bréngs du den Ziedel nees mat. Deng Memberskaart kascht 3€ an ass da fir dat ganz Joer gülteg.